8 Deeg virum Referendum mat v.a. der d'Fro vum Auslänner- oder Awunnerwahlrecht waren 3 Politiker an 1 Vertrieder vun der Zivilgesellschaft am Studio.

De Felix Braz vun déi Gréng an de Sergio Ferreira vun der ASTI fir de Jo an d'Martine Hansen vun der CSV an de Fernand Kartheiser vun der adr fir den Nee waren dëse Samschdeg Invitéen an der Emissioun "Background am Gespréich", an där et exklusiv ëm de Referendum vum 7. Juni iwwert d’Auslänner- oder Awunnerwalrecht goung. Dobäi sinn de Fernand Kartheiser vun der adr, dee fir den Neen ass, an de Felix Braz vun déi Gréng, dee fir de Jo antrëtt, ë.a. uneneegeroden, wéi et ëm d’Fro gaangen ass, wee soll an - fir de Grand-Duché - essentielle Froen decidéieren.

AUDIO: Background am Gespréich Spezial Auslännerwahlrecht

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).

RTL