D'Emissioun Background stoung dëse Samschdeg nach emol am Zeeche vum konsultative Referendum.

Een Dag virun der Ofstëmmung huet d'RTL-Redaktioun Iech dëse Samschdeg e "Background Spezial" presentéiert:

AUDIO: Background

Themen:

Mir kucken nach eemol méi am Detail mam Historiker Denis Scuto op d'Evolutioun vum Wahlrecht zeréck.

Donieft interesséiere mer eis ënnert anerem fir den Historique vun de Referendumen zu Lëtzebuerg. Et ass u sech eréischt fir 5. Kéier an der Geschicht, dass de Bierger invitéiert gëtt, op dës Manéier seng Meenung ze äusseren. Mir hunn an deem Kontext mam LSAP-Politiker Ben Fayot geschwat.

E weidere Sujet ass d'Prozedur vun der Verfassungsrevisioun. Mam Verfassungsexpert vun der Uni Lëtzebuerg, Luc Heuschling, hu mer iwwert déi weider Schrëtt en vue vum zweete Referendum geschwat.

Mir hunn eis och fir de Referendumsmodell an der Schwäiz intresséiert. D'Schwäiz ass u sech d'Mammeland vum moderne Referendum. Mir hu mam Schwäizer Ambassadeur hei zu Lëtzebuerg geschwat an engem Lëtzebuerger-Schwäizer, fir deen den Exercice e Sonndeg näischt Aussergewéinleches ass.

A mir maachen de Bilan vun der Campagne, zesumme mam Raphaël Kies, Politolog vun der Uni Lëtzebuerg.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).

Vun dësem Background gouf et just en Audio-Livestream, de Video ass awer elo "on demand" disponibel. Merci fir Äert Versteesdemech.