10. Abrëll 2010: Lucien Lux a Jean-Louis Schiltz

Lucien Lux Jean-Louis Schiltz
Invitéën am "Background" waren dës Woch de Jean-Louis Schiltz an de Lucien Lux. Mat den 2 Fraktiounscheffen goung natierlech och Rieds iwwer d'Tripartite.
E Samschdeg stoung déi 3. Ronn vun der Tripartite um Programm. An der Mëttesstonn waren d'Fraktiounscheffe vun CSV an LSAP am Radio, fir iwwer d'Weeër aus der Kris ze schwätzen.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren.
Hei de ganze Background nach eemol lauschteren
DTripartite war dann och dee wichtegste Sujet an der Emissioun Background am Gespréich.
De Jean-Louis Schiltz vun der CSV an de Lucien Lux vun der LSAP ware sech op ville Punkt eens, d'Ennerscheeder sinn awer och kloer gemaach ginn.
De Lucien Lux huet ennertrach, datt seng Partei net gläichzesetzen ass mat der Regierung. An der LSAP géif diskutéiert ginn, wann et néideg wier. An elo wier et néideg, well d'Froen iwwer d'Spuere wieren eréischt elo gestallt ginn.
De Jean-Louis Schiltz iwwerdeems huet sech konkret Froe gestallt, ob de Grand-Duché nach kompetitiv ass.
Déi zwee Politiker hu vu grousse Problemer geschwat, mat deenen d'Land konfrontéiert wier.