Ëmwelt- a Naturschutz an international Politik
Déi gréng Ëmweltministesch ass dëse Samschdeg eis Invitée an der Radiosemissioun "Background am Gespréich".
Ëm Ëmwelt- an Naturschutz an ëm déi national, europäesch an international Politik an deene Beräicher ass et an der Mëttesstonn an eiser Emissioun Background am Gespréich gaang. Invité war déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.
Ëmwelt- an Naturschutz ass fir si kee Selbstzweck, mä et geet drëm, fir eis Liewesqualitéit an déi vun den nächste Generatiounen z'erhalen. D'Käschte vum Näischt-Maache si vill méi héich.
Beispill d'Verknaschtung zejoert vum Stauséi duerch Herbiziden. Et gouf reagéiert an de Gebrauch vu Metazachlor staark limitéiert an dee vu Metolachlor verbueden. D'Landwirtschaft muss sech ëmstellen, esou d'Carole Dieschbourg.
Et gouf aus gerechent, datt am anere Fall alleng d'Botze vum Waasser am Stauséi géif ëm 6 Milliounen Euro d'Joer kaschten.
Am Dezember ass déi nächst international Klimakonferenz mam Zil fir d'Äerdophëtzen an de Limitte vun 2 Grad ze halen. Ee Wee ass, méi Konsequent op erneierbar Energien ze setzen:
Vun 2013 op 2014 sinn och d'Co2 Emissiounen hei zu Lëtzebuerg ëm ronn 6% zeréckgaang, wat méi ass wéi d'EU Moyenne.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken. Einfach an der Radio-Rubrik bei "Emissiounen" no "Background" sichen.