Keng Entloossunge bei Hëllef Doheem
Den Aarbechtsminister war dëse Samschdeg eisen Invité an der Radiosemissioun "Background am Gespréich".
Eng gutt Nouvelle koum am Dossier Hëllef Doheem. Do ass d'Entloossung vu 90 Mataarbechter nämlech sou gutt wéi vum Dësch.
Et goung am Background ëm d'Moderniséieren vun der ADEM, ee Projet deen, sou de Minister gutt virukënnt.
Den Nicolas Schmit huet virun allem drop higewisen, dass d'berufflech Orientatioun vun de Jonke méi zilorientéiert muss ginn. Do wëll hien nach méi mam Educatiounsministère zesummeschaffen, besonnesch am Interêt vu Jonken, déi hir Formatioun net ofgeschloss hunn oder an der Schoul decrochéiert hunn.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken. Einfach an der Radio-Rubrik bei "Emissiounen" no "Background" sichen.