Den lénken Deputéierte war e Samschdeg eisen Invité an der Radiosemissioun "Background am Gespréich".

Griichenland huet och an der Emissioun Background am Gespréich dominéiert. Invité war den Deputéierte vun déi Lénk, den David Wagner. Wat d'Syriza wëlles hätt, wär relativ kloer, d'Land an de Stad nees opbauen. Hien hofft, datt d'Griiche am Referendum, deen eng eemoleg Chance wär fir e Vollek seng Meenung ze soen, majoritär „Nee“ soen.

AUDIO: Extrait David Wagner (1)

Griichenland wäert déi Scholden ni kënnen zréck bezuelen, dovunner misst een ausgoen. Griichenland misst Scholde nogelooss kréien, anescht géif et net goen, seet den David Wagner. An et misst investéiert ginn. D'Institutioune géifen d'Hëllefen awer nëmmen un anti-sozial Mesure koppelen.

AUDIO: Extrait David Wagner (2)

Déi national Politik war awer och e Sujet an d'Fro un hien, wéi zefridden hie mat der aktueller Regierungspolitik wär. Wéi eng Zort Politik, ob liberal, sozialistesch oder gréng, se géif maachen, konnt hien net soen. Dat wär net kloer.

De Logement wier zanter Joerzéngten e grousse Problem hei am Land a war d'lescht Woch och Sujet an der Chamber.
Déi héich Loyere wären total geckeg, seet den David Wagner, och fir eng Mëttelschicht. A wann ee keng Elteren hätt, déi eppes hunn oder ee finanziell ënnerstëtzen, hätt ee séier e Problem.

Dat kéint een also och net eleng dem Marché iwwerloossen, de Staat an d'Gemenge wäre gefuerdert. Déi Lénk fuerderen eng grouss national Wunnengsbaugesellschaft, déi selwer och géif bauen. Urbanisten, Architekten oder Bauaarbechter géif ausbilden. Dat wär e Mammutprojet, dee géif abordabele Wunnraum schafen, plus Aarbechtsplaze an d'Wirtschaft géif dynamiséieren, sou den David Wagner vun déi Lénk.

AUDIO: Background am Gespréich mam David Wagner (4.07.2105)

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken. Einfach an der Radio-Rubrik bei "Emissiounen" no "Background" sichen.