De Staatsminister Xavier Bettel war e Samschdeg den Invité am Background am Gespréich.

D'Griichen hu verstanen, datt et déck Zäit ass, fir ze liwweren, dat sot de Premier Xavier Bettel um Samschdeg beim Claude Zeimetz an der Emissioun Background am Gespréich, deen elo nees Hoffnung huet déi en, eegenen Aussoen no, Uganks der Woch net méi hat. An der neier Reformlëscht stinn nei Proposen, déi virdrun nach Tabu gewiescht wieren an zum Deel al Mesuren, déi u sech am Referendum a Griichenland vum Vollek refuséiert goufen.

Verschidde Memberlänner kéinten awer drop halen, datt nach eng Schëpp nogeluecht muss ginn. Alles dat missten d'Diskussiounen de Weekend weisen. E Grexit ass a bleift fir de Staatsminister op alle Fall keng Léisung. Da wier d'Schold souwisou vum Dësch an de Beweis do, datt d'Zil vun Europa net der Realitéit entsprécht.
Lëtzebuerg ass bereet mat iwwert eng Ëmstrukturéierung vun der Schold ze schwätzen. E Scholdeschnëtt ass fir de Premier, och wéinst dem Widderstand vun anere Memberlänner, keng Optioun.

Natierlech ass am Background och iwwer national Politik rieds gaangen.

"Wa muer d'Zuelen da besser sinn, hoffen ech, datt d'Bierger soen e war awer net sou inkompetent wéi mer gemengt hunn", dat sot de Premier Xavier Bettel am Kontext vun den negative Sondagë fir Blo-Rout-Gréng. De Staatsminister wëll vun de Leit eng Chance kréien. De Xavier Bettel begréisst wa Leit matschwätze wëllen. All puer Méint Initiativen ergräifen, fir d'Regierung ze stierzen, wier awer keng Optioun.

AUDIO: Background am Gespréich mam Xavier Bettel.

REAKTIOUN, déi RTL.lu gemailt krut

Här Bettel, dir street de Leit Sand an d'Aen!

Am RTL-Interview vum 11.Juli sidd Dir drop higewise ginn datt 70% vun den Elteren hir Kanner d'nächst Joer an den Reliounsunterricht schécken.

Dir schaaft also eppes of wat bei de Kanner an den Elteren e groussen Wäert huet.

Är Äntwert, den Reliounsunterricht kéint jo weider nieft der Schoul besicht ginn, entsprécht awer net deem Choix vun den Elteren an de Kanner, déi sech esou een Reliounsunterricht (wou iwwregens „iwwert alles kann geschwat ginn“, an an deem selbstverständlech och aner Reliounen hir Plaatz hunn) och weiderhin an der Schoul gewënscht hätten.

Och d'Elterevereenegungen hunn dëst erkannt an drop higewisen, datt et fir een Reliounsunterricht ausserhalb vun dem schouleschen Kader ganz schwiereg däerft ginn. Awer op si ass grad sou wéineg gelauschtert ginn wéi op déi iwer 26.000 Stëmmen, déi sech „fir de Choix“ erhuewen hunn.

Dir wëllt d'Kanner an der Schoul net trennen.

Wéi erklärt Dir iech dann, dass an de Schoulen a Leeschtungsgruppen geschafft gëtt an dass Schüler fir den „Appui“ aus den Klassen erausgeholl ginn. Dëst sinn an eisen Aen néideg an wichteg Mesuren, well jo och nom Schoulgesetz d'Kanner no hiren Besoinen sollen ënnerriicht ginn

Mussen déi schwaach Schüler dann och elo nieft der Schoul hiren „Appui“ huelen, well si jo net sollen vun aneren Schüler getrennt ginn?

Och an der Wertevermëttlung hunn d'Kanner an hir Elteren verschidden Besoinen, déi net all an engem Eenheetscours kënnen ofgedeckt ginn.

Dofir bieden mir Iech, Här Bettel: Halt w.e.g. op, den Leit Sand an d'Aen ze streeën.

Den Reliounsunterricht, deen dir aus ideologeschen Grënn elo ofschaaft, ass een beléiftent Schoulfach; och wann dat Iech net an de Krom passt.

Nach eng Fro, Här Bettel:

Schwätzt Dir och heiansdo mam Här Meisch? Da misst Dir nämlech wessen, dass d'Enseignanten vun der Relioun an déi vun der Moral nach laang net op där nämmlechter Bänk sëtzen, .Mir als Reliounsenseignanten leien ënnert der Bänk a ginn einfach struewele gelooss.

Sonja Sartorius

Christine Marx

Eric Enders

VIDEO: Xavier Bettel an der Emissioun Background: Résumé
De Premier ass ë.a. op di rezent Sondagen agaang an huet erkläert dass d’Bierger der Regierung sollten eng Chance an Zäit ginn Decisiounen ze erklären.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.