Steierreform: Bierger soll dono netto méi an der Täsch hunn
An der Emissioun Background am Gespréich souze sech dëse Samschdeg zwee Regierungsmemberen an zwee Oppositiounspolitiker géintiwwer.
D'Steierreform an d'Staatsfinanze waren Haaptsujeten de Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich mat dës Kéier 4 Invitéen.
Wéi de Vize-Premier Etienne Schneider confirméiert huet, wier sech am Regierungsrot eens gesat ginn, iwwert d'weider Demarchen, déi zur Reform vum Steiersystem féiere wäerten. Am Hierscht leien d'Propositiounen um Dësch, déi dann mat de Sozialpartner sollen diskutéiert ginn. Duerfir gëtt sech d'Regierung d'Zäit no der Presidence, sou datt 2017 schonn d'Steierreform soll spillen an deen Ament och d'0,5 Prozent Contributioun ewechfalen.
Fir de Mëttelstandsbockel ofzeflaachen sollen d'Tariffer an der Steiertabell ugepasst ginn an bei Härtefall, wéi Monoparentauxen, en Ausgläich geschaf ginn. D'Zil wier et dem Minister Schneider no, datt d'Leit netto méi an der Täsch herno hätten an datt op d'Betriber keng nei Belaaschtunge sollten duerkommen.
De Resumé vum Background
Wann et der Dräier-Koalitioun no geet, soll de Bierger no der Steierreform netto méi an der Täsch hunn. Dat war eng vun den Aussoen e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich, wou d'Staatsfinanzen ee vun den Haaptsujeten waren.
Well awer esouwuel Oppositioun, wéi och d'Regierung bei eis am Studio invitéiert war, ass d'Gespréich natierlech méi kontrovers verlaf, wéi een dat un dëser Nouvelle vläit kann erausliesen.
De Fazit ass, datt kee Wee laanscht eng Reform féiert...
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.