Mam Thierry Nothum schwätze mer ë.a. iwwert de geplangtene Centre commercial zu Léiwéng, aner Projete wéi de Ban de Gasperich an d'Situatioun vum Handel.

Wat hält d'Handelsconfederatioun vum geplangtenen Akafszenter zu Léiwéng? Wat fir eng Inzidenzen hätten deen an aner Projeten op den Handel an der Stad an am Minett? A wéi geet et dem Commerce allgemeng an dëse méi schwiregen Zäiten?

Doriwwer diskutéiere mer dës Woch mam Thierry Nothum, Direkter vun der Handelsconfederatioun, der "Confédération Luxembourgeoise du Commerce" (clc).

Den Thierry Nothum ass um Samschdeg Invité an der Émissioun Background am Gespréich.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren.