5. Juni 2010: Fränk Engel

Invité am "Background am Gespréich" ass déi Kéier den CSV-Europadeputéierte Fränk Engel.
Wéi sécher ass eise Pensiounssystem, wat leeft falsch an der Politik heiheem, wéi stabil sinn Euro an Europäesch Unioun a wat kann ee vun de Chineese léieren?
Dat si Stéchwierder aus eiser Emissioun "Background am Gespréich", dëse Samschdeg mam Fränk Engel. Den CSV-Europadeputéierten ass jo bekannt derfir, datt hie kee Blat virun de Mond hëlt a Saache seet, déi heiheem an dobaussen net jidderengem gefalen.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren.
Am meeschte gelies