Steieren: Méi Gerechtegkeet fir Jiddereen
Invité ass de Finanzminister Pierre Gramegna. Mir schwätzen iwwert d'Staatsfinanzen, d'Steiereform, d'Luxleaks, d'Flüchtlingen oder nach d'Renten.
Invité an der Emissioun Background am Gespréich war de Samschdeg de Mëtten de Finanzminister Pierre Gramegna.
Beim Sujet Steierreform war et d’Ausso, dass hie kee grousse Frënn ass vum nees Indexéiere vun der Steiertabell. Och wa kee risege Spillraum do ass, sou wëll ee méi Gerechtegkeet fir Jiddereen. Et soll een Erliichterunge fir alleguer d’Steierzueler schafen.
Éischt Prioritéit gehéiert dem Mëttelstand, deen entlaascht soll ginn, well deen ze séier un de Spëtzesteiersaz erukënnt. Zweet Prioritéit gehéiert de Leit deenen et schlecht geet, an déi fënnt een dacks an der Steierklass 1A.
Wat d’Betriber betrëfft, sou soll den Taux nominal progressiv Richtung 15 Prozent erofgoen.
Fir am Logement ze hëllefen, kéint iwwert Adaptatiounen nogeduecht ginn, wéi vill een beim Kaf vun der éischter Wunneng kann ofsetzen. Dat selwecht gëllt fir Zousazpensiounen.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.