Flüchtlingskris
Am Kontext vun der Flüchtlingskris waren e Samschdeg de Mëtteg 4 Invitéen am Studio.
Den Direkter vum OLAI, e Vertrieder vum Roude Kräiz, ee vum Flüchtlingsrot an dem Geneviève Jadoul, déi zwee Flüchtlinge bei sech doheem opgeholl huet, waren de Mëtten Invité an der Emissioun Background am Gespréich, an där et ëm d'Réfugiéë goung. Dobäi haten déi 4 ënnerschiddlech Vuen doriwwer, wéini an der Asylprozedur Flüchtlinge bei Privatleit sollten ënnerkommen.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.