Iwwert de Finanzsecteur
Ëm d'Finanzplaz Lëtzebuerg an hir Perspektive goung et dëse Samschdeg am Background am Gespréich.
De Finanzsecteur ass nach ëmmer den Haaptpilier vun der nationaler Economie, d'Nummer 1 am privat Banking an der Eurozone an ass weltwäit d'Nummer zwee wat d'Fongenindustrie ugeet.
Wat kascht et un Efforte fir d'Attraktivitéit vun der Finanzplaz ze halen an aus ze bauen? Wat sinn d'Defie fir hir Zukunft nom Ofschafe vum Bankgeheimnis an ëmmer méi héijen Ufuerderunge vun Transparenz a wou leien d'Stäerkten a Schwächten?
Déi an nach aner Froe hu mer eisem Invité, dem fréieren Diplomat an zënter zwee Joer CEO vu Luxembourg for Finance, Nicolas Mackel gestallt.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.