26. Juni 2010: Fernand Etgen

© Nadine Faber
Invité am "Background am Gespréich" ass de Fernand Etgen, Deputé-Maire vu Feelen an neie Generalsekretär vun der DP.
De Fernand Etgen ass den drëtte Generalsekretär bannent 6 Joer vun der DP. Eng DP, déi an de leschte Sondagen net esou richteg vum Fleck komm ass ... trotz Kris an trotz enger Koalitioun, déi den Hick huet.
Wéi wëllen déi Liberal endlech aus hirem Déif eraus kommen? Wéi wëlle se déi nächst Joeren d'Roll vun der gréisster Oppositiounspartei am Land ausfëllen.
Dat ass den Haaptpunkt vun onsem Gespréich mam Deputé-Maire vu Feelen.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren.