SPEZIAL Flüchtlingen

Dëst d'Joer hu bis elo 1.200 Flüchtlingen eng Demande op Asyl gemaach. All Dag kommen an der Moyenne 30 nei Refugiéen hei am Land un.
An der Emissioun Background am Gespréich hu mer eis dëse Samschdeg awer net nëmme fir Chiffren intresséiert, mä och fir d'Geschichten hannert deene plakegen Zuelen. Mir hu mat Flüchtlingen iwwert de Calvaire, dee se erlieft hunn, geschwat.
Wat erwaart d'Refugiéen, wa se bis hei sinn, wéi eng Demarchë mussen se maachen? Mir wore mat de Mataarbechter vum OLAI ënnerwee.
D'Integratioun ass ee weidere Volet, op dee mer agaange sinn, déi sproochlech a schoulesch, vum Precoce bis d'Beruffsausbildung.
A wat bedeit déi aktuell Entwécklung fir eis Gesellschaft? Och dofir hu mer eis intresséiert.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.