Europa an d'Flüchtlingskris
D'CSV-Politikerin an Europadeputéiert Viviane Reding war dëse Samschdeg d'Invitée am Background am Gespréich.
Europa packt d'Flüchtlingskris. Well een et packe muss, seet d'Europadeputéiert Viviane Reding. D'CSV-Politikerin a fréier EU-Kommissärin war Invitée an eiser Emissioun "Background am Gespréich".
Lëtzebuerg giff seng Saach iwwregens virbildlech maachen, sou d'Viviane Reding. Ma Europa misst sech elo awer beweisen: Et wier een nämlech auserneegedrift. Virun allem de Prinzip vun der Solidaritéit wier verluer gaangen.
Oppen bleift, wat d'Viviane Reding bei den nächste Chamberwahlen wëlles huet. An deem Punkt wollt d'Europadeputéiert sech op eiser Antenn net festleeën. Dat alles wär den Ament CSV-intern nach keen Sujet.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.