Wäerteunterrecht vun nächster Rentrée un am Secondaire?
Den Educatiounsminister war dëse Samschdeg Invité am Background am Gespréich.
Educatiounsministère a Gemenge si prett, fir bis zu 900 Flüchtlingskanner am Land ze scolariséieren. Fir de Minister Claude Meisch ass de Support fir Gemengen do, andeems zwou Stonnen Enseignement pro Kand bäikommen.
Och d'staatlech Hëllefen fir d'Käschte vun Maisons Relais, wou Refugié-Kanner ënnerbruecht sinn, ginn an d'Luucht.
Et gëllt fir dës Kanner méi Stonnen Enseignement unzebidden awer net zum Nodeel vun aneren Schoulkanner.
2.000 auslännesch Kanner gi souwisou d'Joer iwwer an de Schoulsystem integréiert, do wier et dem Minister Meisch no dann och ze meeschteren, d'Kanner vu Flüchtlingen z'integréieren.
D'Aféiere vun engem eenheetleche Cours „Vie et Société“ krut e liichte Retard, dat huet de Minister Meisch confirméiert. Dëse Mount awer steet d'pädagogescht Konzept, duerno muss d'Léiermaterial zesummegestallt ginn.
Fir de Secondaire kéint de Wäerteunterrecht scho vun der nächster Rentrée un enseignéiert ginn. Fir de Fondamental dann d'Joer drop.
Datt et elo gesellschaftlech Debatten iwwer deen neien Cours vu Valeure gëtt, fënnt de Claude Meisch net ongewéinlech, mä de Minister freet no Toleranz an der Diskussioun.
Wat d'Offer vum gratis, spillereschen Enseignement vu Sprooche schonn a Crèchen ubelaangt, huet den Educatiounsminister präziséiert, datt dës Strukture sech kënne fräiwëlleg mellen, fir bei deem Programm matzemaachen.
Duerfir géif de Personalschlëssel fir d'Crèchen eropgesat ginn, déi awer net zu „Schoulen“ géife mutéieren.
Den Ament géif de Multi-Linguissem bei de klenge Kanner ausgeblent ginn.
An Zukunft sollen och d'Chèques-Services fir Frontalieren a Crèchen a Maisons-Relais gëllen, wann dës Strukturen déi néideg Qualitéitsstandarden hunn.
D'Léierpläng vu Spillschoul a Precoce ginn den Ament reforméiert. Entspriechend Propositioune sollen nach dëse Mount virgeluecht ginn.
Wat d'Lycéesreform ugeet, géif een nach Verschiddenes anescht gewiichten: de Minister plädéiert fir d'autonom, eegestänneg Entwécklung vun de Lycéeën, déi sech z.B. an de Sciencen oder der Mathé kënne spezialiséieren wa se dat wëllen.
Datt z.B. Chinesesch an Ofschloss-Exame gepréift gëtt, soll näischt Onméigleches sinn; esou Gespréicher mat Lycéeë lafen.
An der Grondschoul gëtt dru geduecht, den „Appui pédagogique“ vun 90 Minutte méi staark un de „Plan de Réussite scolaire“ ze bannen.
Och misste Spezialisten zur Dispositioun gestallt ginn, fir z.B. verhalensopfällege Kanner ze hëllefen.
Fir déi grouss Kategorie vu Léierschwieregkeete misst dem Minister Meisch no en nationalen Zenter geschaf ginn, sou wéi dat mat der Logopédie de Fall war.
De Gesetzprojet iwwert d'Beruffsausbildung ass den Educatiounsminister iwwerdeems bereet, nees opzemaachen an de Kritike vun z.B. dem Patronat Rechnung ze droen. Bis d'Rentrée d'nächst Joer misst awer e neit Konzept stoen.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.