Den CSV-Fraktiounschef war dëse Samschdeg Invité am Background am Gespréich.

Zwee Joer ass d'Dräierkoalitioun elo gläich um Rudder, zwee Joer d'CSV an der Oppositioun.

AUDIO: Background am Gespréich mam Claude Wiseler

An eiser Emissioun Background am Gespréich mam Claude Wiseler goung et an der Mëttesstonn vill ëm Finanzen an Economie. Den CSV-Fraktiounschef ass mam Carlo Thelen vun der Chambre de commerce averstan, datt aus dem Zukunftspak um Enn just e Päckelchen iwwereg bleift.

D'Regierung géif sech domat bretzen, datt se strukturell e positiivt Resultat vun 0,5% hätt, hie stellt awer fest, datt do awer en Defizit vun 630 Milliounen Euro ass. Den Defizit fir 2016 ass deemno méi grouss, wéi et 2014 virgesi war. Och wat d'Recetten ugeet, wier et fir 2017 anescht, wéi de Finanzminister dat annoncéiert huet.

AUDIO: Extrait Background Claude Wiseler (1)

Wat d'Nationalitéitegesetz betrëfft. CSV ass zu engem groussen Deel mam Gesetzprojet vum Justizminister Felix Braz averstanen, allerdéngs läit den Däiwel am Detail. Zum Beispill wat den Droit du sol ugeet. D'Propose vun der Regierung ass jo: d'Elteren mussen e Joer virun der Gebuert vun engem Kand zu Lëtzebuerg gelieft hunn an dat Kand muss och op d'mannst e Joer virun der Demande, fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, am Grand-Duché gelieft hunn.

Fir d'CSV geet dat net wäit genuch. Et sollt sech hei ëm déi Leit handelen, déi op d'Mannst e groussen Deel vun hirer Jugend, hirer Scolaritéit hei am Land gemaach hunn. D'CSV hätt dofir gär, datt déi Leit no hirem 12. Liewensjoer op d'Mannst 5 Joer hei zu Lëtzebuerg verbruecht hunn.

AUDIO: Extrait Background Claude Wiseler (2)

D'Nationalitéitegesetz gëtt vill an de sozialen Netzwierker kommentéiert, wou et dacks heescht, d'Regierung wéilt mat dësem Gesetz d'Auslännerwahlrecht duerch d'hënnescht Dier aféieren.

Hei ass et fir de Claude Wiseler wichteg, op wéi eng Manéier mateneen diskutéiert gëtt. D'Thema wier e ganz sensibelt, ëmmerhin sinn 45% vun de Leit, déi hei am Land wunnen Net-Lëtzebuerger. A grousse Punkten entsprécht d'Zilsetzung vun dëser Regierung  och deenen vun der CSV, eng Reform vum Nationalitéitegesetz. Den Accès zur Nationalitéit soll méi einfach sinn, well d'Wahlrecht nëmme kann iwwert d'Nationalitéit goen.

AUDIO: Extrait Background Claude Wiseler (3)

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.