Sozialdialog an Comité fir Aarbecht an Emploi
Den LCGB-President Patrick Dury war dëse Samschdeg Invité am Background am Gespréich.
Firwat klappt et net beim Sozialdialog op nationalem Niveau? Wou si mer drun am permanente Comité fir Aarbecht an Emploi? Kënnt ee virun am Dossier Flexibiliséiere vun der Aarbechtszäit? Hält sech d'Regierung un hir Zousoen aus de Bipartiten mat Patronat respektiv Gewerkschaften?
Dat sinn nëmmen e puer Froen un eisen Invité den LCGB-President Patrick Dury.
Aner Theme waren d'Steierreform, d'Rentereform, déi nei Famillje-Prestatiounen oder nach d'Fleegeversécherung.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.