De Vize-Premier a Verdeedegungsminister Etienne Schneider war de Samschdeg Invité am Background am Gespréich.

D'Terroralerte zu Bréissel huet den Ament keng direkt Inzidenz op Lëtzebuerg, sot de Vizepremier Etienne Schneider, responsabel och fir déi bannenzeg Sécherheet, an der Mëttegstonn. Hie war eisen Invité am Background am Gespréich.

Mir dierft een net an Hysterie verfalen, dat giff d'Situatioun net verbesseren, sou de Minister.

Mat Bommen eleng kéint een den Terrorismus net bekämpfen. Kricher am Afghanistan an am Irak hätte net de gewënschte Succès gehat, mä d'Suitë giff een elo ze spiere kréien.

Gruppen, déi sech gegrënnt hätten, giffen elo den Terror an Europa bréngen. Et giff een eng laangfristeg – aner - Strategie brauchen.

Schengen dierft elo net a Fro gestallt ginn, mengt de Minister Etienne Schneider, mä d'Kontrollen op de Baussegrenze musse verbessert ginn. Et muss besser zesumme geschafft ginn.

Wat den Islamismus hei am Land ugeet, wär d'Zuel vun de potentiellen Islamisten, déi de Lëtzebuerger Autoritéite bekannt sinn, konstant a weider kleng. Et giff och keng Relatioun ginn tëscht deenen an den Attentäter vu Paräis.

AUDIO: Background am Gespréich
AUDIO: Background am Gespréich (2)

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.