Iwwert d'Ziler an Erwaardunge vun der COP21
Zwee Deeg virum offiziellen Ufank vum Paräiser Klimasommet war dëse Samschdeg d’Ëmweltministesch Invitée am Background am Gespréich.
Mam Carole Dieschbourg hu mer iwwert d’geplangten Ziler vun der COP21 an d’Erwaardungen un dës 21. Editioun vun enger UNO-Klimakonferenz an der franséischer Haaptstad geschwat.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.