D'Regierung huet näischt aus Luxleaks geléiert, seet de Gast Gibéryen. E Beweis wier, datt de Prozentsaz vun der Superräichesteier erofgeet.

D'Regierung huet näischt aus der Luxleaks-Affär geleiert: Dat sot den ADR-Deputéierten Gast Gybérien de Mëtten an eiser Emissioun Background am Gespréich.

Grond wier en neien Steiersaz fir déi Superräich: Deen wëll d'Regierung vun 0,5 op 0,05 Prozent erof setzen, fir neit Kapital an de Grand-Duché ze lackelen. Schonn den éischte Januar soll dat Gesetz a Kraaft trieden, sou datt Leit, déi méi wéi 500 Milliounen Euro Kapital hunn, manner Steiere bezuelen. Op all Euro, deen iwwer 500 Milliounen Euro läit, soll nach just 0,05 Prozent Steiere bezuelt ginn, wat praktesch keng Steiere méi duerstellt.

AUDIO: Extrait Gast Gibéryen 1

Dobäi wiere jo virun allem d'Sozialisten ugetrueden, fir eng Räichesteier anzeféieren. An och déi Gréng hätte sech soss ëmmer géint esou eng Steierpolitik ausgeschwat. Et hat een den Androck an der Chamber, datt weder déi Gréng nach déi sozialistesch Deputéierten eppes doriwwer wossten. Et schenkt also e Projet vun der Regierung ze sinn, déi vun der Demokratescher Partei, déi jo bekannt ass, datt si fir déi Verméigent Avantagen eraushëlt, presentéiert gouf a vun de rouden a grénge Minister guttgeheescht ginn ass, sou de Gast Gibéryen. Wann dëst awer elo gestëmmt géif ginn a na Kraaft géif trieden, da géifen déi Rout an déi Gréng déi läscht Glafwierdegkeet, déi se nach hunn, verléieren, sou de Mann vum ADR.

AUDIO: Extrait Gast Gibéryen 2

No Luxleaks wier definitiv den Ament komm, fir absolut transparent a Steierfroen virzegoen. An dann geet d'Regierung dohin, sou den Gast Gybérien, an mécht ee Gesetz, fir Steierflüchtlingen an de Grand-Duché ze lackelen. Et gëtt eng Plus-Valus u Steieren op den éischte 500 Milliounen Euro, ma alles wat driwwer geet, spueren déi Räich. Domadder géif ee sech International nees op dee Plateau setzen, wou ee zanter Jore probéiert erofzekommen, sou den Deputéierte weider.

AUDIO: Extrait Gast Gibéryen 3

"Wuesstem ass eppes Positives, awer just dann, wann een e kontrolléiert asetzt" soteisen Invité Gast Gibéryen weider. Nom iwwerduerchschnëttleche Wuesstem an de leschte Jore géif sech net genuch Gedanken iwwert d'Zukunft gemaach ginn. Dat léich awer an der Natur vun der Politik. Nohaltegkeet a Politik passen net beieneen, well d'Nohaltegkeet laangfristeg brauch an d'Politik kuerzfristeg plangt.

AUDIO: Extrait Gast Gibéryen 4

Et wier awer onbedéngt un der Zäit, e Bilan ze zéien. Zum Beispill kënnt de Staat net méi bei der Finanzéierung vun de Konsequenze vum staarke Wuesstem no, sou den Deputéierten. Iergendwann kënnt de Punkt, datt de Staat feststellt, datt et net genuch Suen huet, fir datt alles a Stand ze halen, wat zu den Zäite vum Wuesstem dobäikoum. Dofir brauch een der ADR no e qualitative Wuesstem. Dofir muss een och kucken, wat eventuell nei Betriber dem Land bréngen an d'Land kaschten, a Punkto Fläch oder Investitiounen, Finanzen, Aarbechtsplazen, Transport etc. Dat muss een am Virfeld analyséieren a da kucken, wann et dem Land eppes bréngt, mécht een net, am anere Fall léist een et sinn.

AUDIO: Extrait Gast Gibéryen 5

Lëtzebuerg hätt zwar keen Afloss op d'Welteconomie, ma d'Regierung hätt genuch Méiglechkeeten, heiheem den Hiewel unzesetzen. Zum Beispill bei den Emprunten, do géif sech d'ADR méi Disziplin wënschen. Wéi all Mënsch muss och de Staat kënne seng Emprunten zeréckbezuelen. Wann een awer am Virfeld scho gesäit, datt een dat net kann, da muss een ëmdenken an den Emprunt net maachen. Et kann een net nach méi Sue siche goen an dono d'Kanner zeréckbezuele loossen.

AUDIO: Extrait Gast Gibéryen 6

Domadder géif d'Land an eng Scholdespiral rutschen, aus där een kaum nach eraus kéim. Et wier un de Politiker, Courage ze weisen, fir mol wierklech eng Kéier iwwert d'Spueren ze diskutéieren. Nëmmen da kéint een och bei de Leit ee Mentalitéitswiessel erreechen.

AUDIO: Background mam Gast Gibéryen

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.