Invité an der Emissioun Background war dëse Samschdeg den CSV-Parteipresident Marc Spautz. Zanter 2 Joer ass d’Partei an der Oppositioun.

"Et ass engersäits d'Angscht virun terroristeschen Attentater, awer och eng allgemeng Angscht vun de Fransousen, firwat ganz vill vun hinnen de leschte Sonndeg massiv fir de Front National gestëmmt hunn". Dat sot den CSV Parteipresident Marc Spautz e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich, en Vue vum zweete Wahltour e Sonndeg vun de Regionalwahle bei eise franséischen Noper. Wann d'Fransousen och dann d'selwecht ofstëmmen wéi d'lescht Woch, géif dat weisen, dass si ee Problem mam europäesche Gedanken hunn, sou de Marc Spautz.

Dës Woch steet an der Chamber ee Gesetzprojet um Ordre du Jour, an dem et ëm d'Integratioun vun den Demandeurs d'asile op den Aarbechtsmaart geet. An der Emissioun Background am Gespréich huet den CSV-Parteipresident kritiséiert, dass d'Regierung d'Beruffschamberen an dësem Dossier net ëm hiren Avis gefrot huet. Dat wier dat falscht Zeechen. Och dass dat sougenannte PAN-Gesetz, den nationalen Aktiounsplang géint de Chômage, op e neits verlängert gëtt, huet de Marc Spautz kritiséiert.

D'Steierreform wor ee weidere Sujet an der Emissioun Background mam CSV-Parteipresident. De Marc Spautz freet sech, wéi d'Regierung déi Reform bis den 1. Januar 2017 wëll realiséieren.

Elo géif d'nächst Woch eppes fir d'Betriber gestëmmt ginn, mä nach ëmmer net fir déi physesch Persounen. Wat d'Ursaache sinn, ass schwéier soen, sou nach de Marc Spautz. Et kéint awer sinn, dass d'Fuerderunge vun deenen dräi Parteien ze wäit ausernee leien.

AUDIO: Background am Gespréich mam Marc Spautz.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.