Attraktiv Steiere fir Betriber, Erliichterunge fir d'Privatleit - alles dat misst méiglech sinn, sou de Premier Xavier Bettel an der Emissioun Background.

Et wor keen einfacht Joer... Déi geplangte Steierreform fir den 1. Januar 2017 wor och e Sujet. De Staatsminister huet an dem Kontext drop higewisen, dass wann Erliichterung kënne gemaach ginn, da just doduerch, dass Reformen entaméiert goufen. Wann déi net duerchgefouert gi wieren, wier et och net méiglech iwwer Erliichterungen ze schwätzen. Et hätt een et fäerdeg bruecht, dass den Defizit konnt gebremst ginn. De Xavier Bettel huet betount, dass wa mer d'Staatsschold net gebremst kréien, mer riskéieren u Kompetitivitéit ze verléieren. Et géif alles gemaach ginn, fir datt de Grand-Duché attraktiv bleift. Detailer wollt de Premier awer keng ginn. Hien huet just drop verwisen, dass d'Steierreform den Ament an Aarbechtsgruppen analyséiert gëtt, dat heescht de Pro an de Kontra vun all eenzelne Mesuren. Et wier awer esou, dass jonk Famille solle gehollef kréien, et soll eng gerecht Steierpolitik sinn, an och deenen zegutt kommen, déi net vill hunn.

Dem Premier wor et och wichteg drop hinzeweisen, dass et net automatesch schlecht fir Privatleit ass, wann eppes Positives fir Betriber gemaach gëtt. Mä déi Suen, déi vun de Betriber era kommen, géifen och de Bierger ze gutt kommen. Well wa mer net méi attraktiv sinn, géife vill Betriber eis de Réck dréinen. Et wier een och amgaang ze kucken, wéi mer konform zu eisen Texter, méi attraktive kënne sinn wéi eis Noperen. D'Finanzplaz dierft awer net op Sand opgebaut ginn, déi enges daags zesumme fält.

Wat dee rezenten Changement an der Regierung betrëfft, sot de Staatsminister an neien Kulturminister, dass virun e puer Deeg vun der Maggy Nagel informéiert gi wier, dass si wéilt ophalen, well den Drock ze grouss wier. Hien hätt dee Choix respektéiert. De Xavier Bettel ass eegenen Aussoen no frou, dass hien lo zesumme mam Guy Arendt de Ressort vun der Kultur iwwerholl hätt. Allen Zwee wieren si voll motivéiert dësen Challenge unzegoen, a mat der Kulturzeen zesummen ze schaffen.

AUDIO: De Resumé vum Background vum Roy Grotz
AUDIO: Background am Gespréich mam Xavier Bettel
VIDEO: Xavier Bettel am RTL-Background
Den Staatsminister huet aktuell Sujeten diskutéiert an en Réckbléck op d'Dossieren vun 2015 gemaach.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.