"Faarf bekennen!" Dëse Motto vun deene Grénge gëlt dëse Samschdeg fir de François Bausch, als Invité am "Background am Gespréich".

Eng konstruktiv Oppositioun wëllen déi Gréng maachen a presentéieren dofir vun der nächster Woch un hire Modell fir d'Zukunft vu Lëtzebuerg, ënner dem Motto vu "Faarf bekennen!".

Dorëm geet et dëse Samschdeg mam Fraktiounschef vun déi Gréng an éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg François Bausch. An deem Kontext kommen ë.a. och déi gespaante Relatiounen tëscht Regierung a Patronat an tëscht Regierung an Dokteren zur Sprooch an et geet natierlech och riets iwwer déi national Klimaschutzpolitik.

Déi Sujeten a nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.