23. Oktober 2010: Viviane Reding

D'europäesch Justizkommissärin Viviane Reding war Invitée e Sonndeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich.
Nieft dem Sträit mat Frankräich a neien Impulser fir d'europäesch Economie goung et och ëm d'Fro ob d'Lëtzebuerger Regierung am Kontext vun de Studienbeihëllefe géint europäescht Recht verstouss huet.
Déi Hëllef sollen d'Kanner vu Frontalieren net méi kréien an dogéint hat den OGBL bei der Kommissioun zu Bréissel geklot.
An engem Communiqué, deen den OGB-L e Samschdeg erausgeschéckt huet, kann den Androck entstoe wéi wann den zoustännegen Kommissar Laslo Andor der Gewerkschaft géif Recht ginn.
D'Viviane Reding betount, datt et net ëm ee Bauchgefill geet ma ëm di korrekt Applikatioun vu Gesetzer. Bis dat genee gekläert ass, wäert et nach eng Zäitche brauchen.
AUDIO: D'Emissioun Background am Gespréich mam Viviane Reding nach emol lauschteren.
Déi Sujeten a nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.