De Chef vum Service d’information et de conseil en matière de surendettement vun der Ligue médico-sociale, Christian Schumacher, ass Invité e Sonndeg.

Aarmutt an Iwwerschëldung sinn zwee Phenomener, déi dacks déiselwecht Ursaachen hunn. D’Gefor, fir an d’Aarmutt ze rëtschen, gëtt zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss, an och d’Zuel vun den iwwerschëlte Leit wiisst weider.

Doriwwer diskutéiere mer dës Woch mam Christian Schumacher, Chef vum Service d’information et de conseil en matière de surendettement vun der Ligue médico-sociale.

Déi Sujeten a nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.