6. November 2010: Mars Di Bartolomeo

© SIP
Eng Gesondheetsreform, déi d'Doktere "krank" mécht: Invité am Background am Gespréich ass de Gesondheetsminister Mars Di Bartholomeo.
D'Doktere sinn am Streik oder vill méi am "service réduit". An dat wëlle si esou lang bleiwen, bis de Minister säi Projet vun enger Gesondheetsreform zréckzitt. Dee gesäit d'Front vun den Dokteren awer brökelen, ausserdem huet d'Regierung erkläert, um Projet wëlle festzehalen ...
Déi Sujeten a nach anerer koumen zur Sprooch an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.
Am meeschte gelies