20. November 2010: François Moyse vum Consistoire israélite

Wéi liewen d'Judden zu Lëtzebuerg? Wéi praktizéieren si hire Glawen? Wéi gi si haut hei am Land matt hirer Geschicht ëm?
Invité an eiser Sendung "Background am Gespréich" ass dëse Samschdeg de François Moyse vum Consistoire israélite.
Mir schwätze mat him iwwert de jiddeschen Alldag an och iwwert dat, wat déi jiddesch Communautéit sech haut vun der Politik nach erwaart – dat gutt ee Joer, nodeems de Rapport iwwert d'Spoliatioun publizéiert gouf.
Déi Sujeten a nach anerer koumen zur Sprooch an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.
AUDIO: D'Emissioun Background am Gespréich nach emol lauschteren.