Background am Gespréich mam Françoise Hetto: 12 Joer huet si um Radio respektiv op der Tëlee geschafft. 1999 goung se an d'Gemengepolitik ...

...an 2004 an d'Nationalpolitik. Entretemps ass d'Françoise Hetto an der Regierung. Si ass Ministesch fir Mëttelstand, Tourismus a Chancegläichheet.

Am Background am Gespréich e Samschdeg hu mer mat der CSV-Politikerin iwwert dee Parcours an hir aktuell Ressorten geschwat. Donieft goung et ëm Privates.

De Background nachemol lauschteren


Déi Sujeten a nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.