Iwwert de Budget an di wirtschaftlech Zukunft vum Land schwätze mer dëse Samschdeg mam President vun der Finanzkommissioun vun der Chamber Michel Wolter.

Een anert Thema am Background am Gespréich mam Député-Marie vu Käerjeng ass natierlech d'Ausstellung iwwert d'Gëlle Fra, déi den Dag selwer ufänkt.

An dann interesséiert ons nach, wat den CSV-President vun der aktueller Regierungskoalitioun hält a vun de grousse Chantieren, déi nach op se duerkommen.

Déi Sujeten a nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.