Invité am "Background am Gespréich" ass dëse Samschdeg d'Presidentin vun der Auslännerorganisatioun Laura Zuccoli.

Ronn 43% vun den Awunner hei am Land hu net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. An der Emissioun Background dëse Samschdeg, geet et d'Zesummeliewe vun Auslänner a Lëtzebuerger, wou fonctionnéiert d'Integratioun, a wou muss nogebessert ginn? Wat seet d'ASTI zu de geplangte Changementer vum Wahlgesetz, deenen no, och net Lëtzebuerger sollen als Buergermeeschter kënne gewielt ginn? Wéi schafft d'ASTI?

Déi a nach aner Themen diskutéiere mir de Samschdeg an der Emissioun Background mat der Presidentin vun der Auslännerorganisatioun, Laura Zuccoli.

"Background am Gespréich" ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an dono op RTL.LU.