Invité an der Emissioun "Background am Gespréich" vun RTL Radio Lëtzebuerg ass déi Kéier den LCGB-President an CSV-Deputéierte Robert Weber.

Wéi eng Roll huet eng Gewerkschaft an dësen Zäiten ze spillen, wat sinn di grouss Erausfuerderungen a noer Zukunft? Ënnert anerem doriwwer schwätze mer mam President vun där Gewerkschaft, déi virun enger Woch hire 90. gefeiert huet.

Mam Robert Weber diskutéiere mer awer och iwwer Gott an d'Welt an dat, wat Lëtzebuerg den Ament beweegt. D'Gehälterreform an der fonction publique, zum Beispill, oder d'kommunaalt Wahlrecht.

D'Gehälterreform beim Staat war also och een Thema an eiser Emissioun Background am Gespréich. Den CSV-Deputéierte Robert Weber sot, datt een am Kontext vun der ganzer Diskussioun genee muss kucken, op dann do wierklech Ufanksgehälter erofgesat solle ginn?

Doriwwer misst zesummen un engem Dësch diskutéiert a gestridde kenne ginn.

Extrait Background Robert Weber
Extrait Background Robert Weber

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.