Am Background am Gespréich ass eng grouss Iwwerschrëft d'Fraepolitik. Mam Danièle Igniti schwätze mer iwwer Avortement, Scheedung oder d'Fraequote.

Een anere Sujet ass d'Kultur, d'Presidentin vum Planning familial ass nämlech och Direktesch vum Kulturzenter "Op der Schmelz" zu Diddeleng. Donieft geet et ëm d'Politik, där eis Invitée de Réck gedréint huet.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.