Mat der fréierer Ausseministerin, Europadeputéiert, Stater Buergermeeschtesch an aktueller DP-Deputéiert a Stater Kulturschäffe Lydie Polfer.

Et gi ganz vill Aktualitéitssujeten abordéiert: Stéchwieder sinn e.a.: Noen Osten, Gemengewahlen, Avortementsgesetz, Leschtungsprinzip an der Fonction Publique a Fraequote.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.

Muer gëtt et eng Woch, datt bekannt ass wien neien CSV-Fraktiounschef ass. Den Invité, e Freideg an der Emissioun Background am Gespréich, d'DP-Deputéiert, Lydie Polfer, ass der Meenung, datt de Lucien Thiel et schwéier kritt fir déi grouss Fraktioun vu 26 Memberen op eng Linn ze bréngen.

Net nëmmen um Krautmaart, mä och soss gëtt ganz kontrovers iwwer de Projet fir d'Reform vum Avortementsgesetz diskutéiert, besonnesch wat de Punkt vun der obligatorescher Consultatioun ugeet, déi eng Fra déi kee Puppelche wëll, muss passéieren.

Den CSV Deputéierte Marc Spautz verweist op de Wahlprogramm vu senger Partei, wou dee Punkt drasteet an doru géif festgehal ginn. Nieft der DP an de Gréngen, hu sech awer och e.a. d'Avisë vum Staatsrot an och vum Katholikkerot dogéint ausgeschwat, wat misst respektéiert ginn, seet d'Lydie Polfer.

D'Reform vum Avortementsgesetz wäert deemno nach fir vill Gespréichsstoff suergen.