Mam Lucien Kerger schwätze mir doriwwer, wat aus der Uni ginn ass, wat nach misst geschéien, wéi wichteg se ass an iwwert d'Reform vum Unis-Gesetz.

Zanter 8 Joer gëtt et d'Uni Lëtzebuerg an een, dee se mat opgebaut huet, ass de Lucien Kerger. "Dat war eng wonnerbar Pionnéierzäit", seet de fréieren Doyen vun der Fakultéit vun de Geeschteswëssenschaften iwwert den Opbau vun der Uni. Déi lescht 3 Joer war hie Vize-Recteur – an an zwou Woche geet hien an d'Pensioun.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.