Invité am Background am Gespréich e Samschdeg de Mëtteg war den Aarbechtsminister Nicolas Schmit vun der LSAP.

Ofbau vum Chômage, d'Reform vum RMG, d'Resultater vum rezente Politmonitor, den Zoustand vun der LSAP.Dat ware just e puer vun de Sujeten e Samschdeg bei eis am Background. Invité war den Aarbechtsminister Nicolas Schmit. Mat him hu mir awer och iwwert Aarbechtszäiten, d'Relatioune mat de Sozialpartner oder nach d'Reform vun der Gewerbeinspektioun geschwat.

AUDIO: Background am Gespréich mam Nicolas Schmit

Den Nicolas Schmit war jo e Freideg an d'Schlagzeile gerode wéinst senger Fuerderung, dass mir eng aner Flüchtlingspolitik bräichten.

AUDIO: "Mir sinn Zyniker": Nicolas Schmit zu eiser Asylpolitik

Wat seng eege politesch Carrière betrëfft huet den Nicolas Schmit ugedeit, dass hie fir d'Wahlen 2018 der LSAP zur Verfügung steet.

Säi Parteikolleg a Wirtschaftsminister Etienne Schneider hat viru kuerzem gemengt d'40 Stonne-Woch misst een iwwerdenken Richtung méi kuerz Aarbechtszäiten.

Den Nicolas Schmit ass iwwerzeegt, dass iwwer déi nei Technologie grouss Produktiounsgewënner wäerten entstoen. Eng vun de grousse Froen ass wien am meeschten dovunner soll profitéieren. Eleng d’Kapital oder net awer och zum Deel d’Salariat. An der lescht wier d'Salariat éischter schlecht do ewechkomm.

Déi Diskussioun misst an der Haaptsaach an de Betriber gefouert ginn.

Un d’Adress vum Patronat war et d’Aussoen, dass et sech soll calméieren. Et misst een dach nach dierfen nodenken an Iddie lancéieren, ouni dass een aneren direkt aus der Këscht spréngt.

Den Ausseminister Jean Asselborn huet an engem Interview am Wort betount, datt eng Externaliséierung vun Asylfroe falsch, onmënschlech an net ze praktizéiere wier. Hie bräicht keng Lektiounen an e Richtungswiessel wat dat ugeet wier mat him net dran.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.