Am Kader vun de Gemengewale souze sech en Dënschdeg zwee Kandidate vu verschiddene Parteien géintiwwer. Dës Kéier goung et ëm d'Stad Lëtzebuerg.

D’Stad Lëtzebuerg huet eng "extrem héich Liewensqualitéit", sou den DP Co-Spëtzekandidat an der Stad a Schäffe Patrick Goldschmidt en Dënschdeg de Moien am Face-à-face mam grénge Spëtzekandidat a Gemengeconseiller François Benoy. Deen huet deklaréiert, datt wann een déi Liewensqualitéit wéilt erhalen, een "eng Ännerung" bräicht.

Dem Stater Oppositiounspolitiker no hätt d’aktuell DP-CSV Majoritéit "Chancë verpasst" an ëmmer nees  "Ausriede" gesicht. Hien huet als Beispiller onsécher Vëlosweeër genannt a Konflikter tëscht Auto, Vëlo a Foussgänger op diverse Plazen an der Stad. De Patrick Goldschmidt huet deem widdersprach: hien hätt op sëllege Plaze Vëlospiste geschaaft wou virdrun, ënner Bedeelegung vun deene Gréngen "näischt geschitt" wier.

De François Benoy huet der DP Buergermeeschtesch Lydie Polfer jorelaange "Blockage" bei ville Projete virgeworf, dorënner beim Tram. De Patrick Goldschmidt huet seng Co-Spëtzekandidatin verdeedegt: hire Widderstand wier géint de BTB (Bus-Tram-Bunn) gewiescht. "Sieft frou", sou de Patrick Goldschmidt, datt een elo "e schéinen Tram" hätt, mee och Vëlospisten un engem Stéck tëscht Luxexpo a Stadion an am Boulevard Prince Henri, an am Park Foussgänger elo vu Cycliste getrennt wieren.

Méi Wuesstem méiglech

Den DP Politiker sot och et wier keen Zouwuess vun Autosverkéier an der Stad méi méiglech an dowéinst misst ee méi op den ëffentlechen Transport setzen. D’Populatioun vun der Stad, déi kéint awer béide Politiker no weider wuessen an deemno hu sech béid och fir weider Aarbechtsplazen ausgeschwat.

D’Bebauungspläng vun der Stad géingen e weideren Zouwuess vu 50.000 Awunner erméiglechen. Déi Pläng wieren de Verdéngscht vun der leschter Majoritéit, vun DP an déi Gréng also, sou de François Benoy. Hien huet awer och bedauert, datt d’Pläng déi lescht Joren net ugepasst gi wieren a vill Projete géinge schleefen. De Patrick Goldschmidt huet d’Virwërf net gëlle gelooss an national a kommunal Prozeduren dofir verantwortlech gemaach. Den Eco-Quartier op der Porte de Hollerich wier zum Beispill zanter 2003 geplangt, also iwwerdeems déi Gréng 12 Joer mat an der Verantwortung waren. Hien huet awer verséchert, datt d’Baggeren do geschwë rullen. Genee esou wat de Site vum ale Stade Josy Barthel ugeet. De François Benoy ass dobäi bliwwen: do hätt ee kënnen déi lescht 6 Joer méi séier virukommen, zum Beispill mat engem "Phasage".

Wat de bezuelbare Wunnraum ugeet huet de grénge Gemengeconseiller deklaréiert, seng Partei wéilt den Undeel un esou Wunnengen an der Stad vun 3 op 6% verduebelen, also vun 1.500 op 3.000. De Patrick Goldschmidt sot, d’DP géing iwwer 500 Milliounen Euro investéieren. Aktuell hätt d’Stad 879 Sozialwunnengen, méi ewéi déi national ëffentlech Bauträger der hätten. Donieft wiere 400 esou Wunnengen am Bau an an der Planung. Et kéint een also "net soen et wier näischt geschitt", sou de Patrick Goldschmidt.

DP a Gréng fir méi Policepresenz

Wat d’Sécherheet ugeet, ware sech de liberalen an de grénge Spëtzekandidat eens, datt op verschidde Plazen méi Police misst Presenz weisen. Eng "Police municipale" wier och fir de François Benoy eng "Iddi". Hien huet déi gréng Regierungsbedeelegung gelueft, déi et erméiglecht hätt, datt méi Polizisten am Stater Garer Quartier um Terrain wieren. Esou misst et a sengen Ae weider goen.

De Patrick Goldschmidt huet den Heescheverbuet nach emol verdeedegt, mee betount et géing och vill am soziale Beräich gemaach ginn. Hien ass dann och fir eng Police, déi dem Buergermeeschter ënnerstallt wier. A sengen Ae wier d’Stad sécher, mee an enger "europäescher Haaptstad" déi wiisst, géing et och an eenzele Quartiere Problemer ginn. Do misst ee Police hunn, "net nëmmen dräi Méint virun de Walen, mee permanent".

Face-à-Face: Patrick Goldschmidt (DP) vs François Benoy (Déi Gréng)

Gemengewalen 2023 - All d'Kandidaten am Iwwerbléck