D'Co-Spëtzekandidatin vun der DP an de Spëtzekandidat vun der CSV stounge sech e Mëttwoch den Owend an engem Face-à-Face géintiwwer.

"A Wale weess een ni wéi se ausginn, an all déi Saachen hunn domat ze dinn, wéi vill Vertrauen een engersäits als Partei an dann eben als Mënsch geschenkt kritt, dat wäert duerno de Wieler determinéieren", esou déi aktuelle Stater Buergermeeschtesch. Zil vun der CSV Stad wier et, gestäerkt aus de Walen erauszegoen, esou hire Spëtzekandidat Serge Wilmes. Béid Politiker wëllen no de Gemengewalen den 11. Juni de Buergermeeschterposten halen, respektiv iwwerhuelen.

Am Face-à-Face goung et ëm d'Ënnerscheeder tëscht béide Politiker. D'Schwéierpunkten am Walkampf an der Fro, a wéi enger Koalitioun an Zukunft d'Gemeng um Knuedler gefouert gëtt.

Lydie Polfer a Serge Wilmes

D'Lydie Polfer ass mat Ënnerbriechung nobäi dräi Joerzéngte laang Buergermeeschtesch an hir Partei bestëmmt d'Geschécker vun der Haaptstad zanter iwwer engem hallwe Joerhonnert. D'DP wëll hir Héichbuerg halen an d'Lydie Polfer trëtt an enger Co-Spëtzekandidatur un, fir weider sechs Joer Vertraue vun de Bierger ze kréien. Hire Koalitiounspartner an éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, Serge Wilmes, ass eleng Spëtzekandidat vu senger Partei CSV.