Am Face-à-Face goung et an den Osten op Iechternach.

Am Studio de Buergermeeschter a Spëtzekandidat vun der CSV Yves Wengler an de Conseiller a Co-Spëtzekandidat vun déi Gréng Christophe Origer.  An do ass eppes mol ganz kloer, déi Zwee si sech a ganz villem net eens.
De Christophe Origer trëtt fir e Changement an der Gemeng Iechternach un, fir frësche Wand an natierlech hätt een als Partei Usproch  Responsabilitéit z’iwwerhuelen. Den aktuelle Buergermeeschter wëll sech net festleeën a mat vill Interêt d’Walprogrammer vun deenen anere Partei liesen fir ze kucken, wou déi gréisst Iwwerschneidunge sinn.

Wiessel vun der CSV bei déi Gréng 

Eng speziell Situatioun zu Iechternach. E puer Méint virun de Walen huet den Christophe Origer d’Säite gewiesselt, vun der CSV bei déi Gréng. Domadder hat d’CSV-LSAP Koalitioun hir Majoritéit verluer.  Den Christophe Origer huet säi Mandat net un d’CSV zeréck ginn an dat domadder verdeedegt, datt et net responsabel gewiescht wär, déi Aufgaben esou kuerz virun de Walen un eng aner Persoun ofzeginn. Dat gesäit de CSV-Buergermeeschter ganz anescht. Fir hien gouf hei de Wielerwëllen net respektéiert an et wär och guer kee Problem gewiescht, dës Aufgaben opzefänken.

Héichwaasser: Wéi eng Léiere goufe gezunn ?

An dësem Punkt a quasi och an allen anere Dossieren sinn déi zwee Kontrahente sech net eens. Sou reprochéiert den Christophe Origer dem Buergermeeschterposte no den Iwwerschwemmungen virun zwee Joer d’Léiere net genuch gezunn ze hunn, wéi et néideg gewiescht wier. Et ass de Reproche vum Christophe Origer, datt d’Bierger net matagebonne goufen. «Haut sinn d’Bierger nach net méi informéiert iwwert d’Héichwaasser, wéi se et deemools waren an dat ass eppes wat esou net geet.». Absolut net averstan  mat där Analyse. Den Yves Wengler erënnert un déi ganz vill Aarbecht, déi geleescht gouf, och mat Hëllefsfong fir d’Leit. Och wär et net richteg, datt näischt gemaach gouf, et wär e Büro beoptraagt ginn, fir Richtlinne auszeschaffen, dee wär ebe just nach net fäerdeg. «Ech si ganz zefridden, wéi mer dat do gemeeschtert hunn», sou den Yves Wengler.

Situatioun am Park, firwat net scho méi geschitt ?

D’Situatioun am Park zu Iechternach, déi alles wéi schéin ass, ass fir den CSV-Spëtzekandidat ganz kloer op de Blockage vum Kulturministère zeréck ze féieren.  Hei wär net déi néideg Ënnerstëtzung komm. Fir de Co-Spëtzekandidat vun déi Gréng ass de Park e gutt Beispill, datt dacks d’Schold op staatlech Administratiounen a Ministèrë gedréckt gëtt. De Park hätt duerchaus kënnen ënnerhale ginn, kontert den Christophe Origer. «Et war e Klengkrich, deen op Käschte vun der Reputatioun vun Iechternach gaangen ass»

City-Outlet: Léisung fir eidel Geschäfter ?

E weidert Thema war de geplangte City-Outlet. Fir esou de Problem vun de ville eidele Geschäfter zu Iechternach ze léisen.  Am Fréijoer nächst Joer sollen déi éischt Geschäfter opgoen, sou de Buergermeeschter a virun allem am Beräich Outdoor- a Sport Produkter ubidden, well Iechternach d'Dier zum Mëllerdall an dat ganz Joer iwwer d’Wanderer unzitt. Keng gutt Iddi, fënnt de grénge Politiker, well Outlet net bei Iechternach géif passen. Do misst een den Telefon an de Grapp huelen a Lëtzebuerger Betriber froen, fir op Iechternach ze kommen, ugezunn mat enger Rei vun Hëllefen wéi z.B. datt d’Gemeng Bierg beim Loyer géif stoen. De Yves Wengler kontert a freet sech «a wéi enger Welt lieft den Här Origer, wou sollen déi Geschäfter hierkommen, wann och aner Gemengen déi selwecht Problemer vum Leerstand hunn».

Historesch Decouverte an elo ?

An och beim Thema «Petite Marquise» a wéi ee mat der historesche Decouverte vun engem Klouschterhaff ëmgeet, ass kee Konsens tëscht Schwaarz a Gréng. De Gemengerot huet eng Optioun gestëmmt, wou den Tourist-Info mat agebonne gëtt. «Wann awer de Kulturministere bereet wär, méi ze finanzéieren, da gi mer ganz gären op eng méi grouss Variant», sou de Buergermeeschter.

Deem kontert den grénge Politiker, et misst een dës Decouverte als Chance gesinn fir Iechternach. «Hei muss een e bëssen Éiergäiz an och e bësse Stolz als Stad Iechternach hunn, fir dem Kulturministère kloer ze maachen, wat ee wëll am Sënn vum Patrimoine».

Schwammen am Séi: E Freiden ass et esouwäit

Béid Politiker freeë sech dann awer zesummen op e Freiden, wou den Iechternacher Séi offiziell opgeet, fir dra schwammen ze goen. Natierlech ass ee sech bewosst, datt nach méi Leit doduerch op Iechternach kommen, dofir wär jo och extra e Verkéierskonzept ausgeschafft ginn. «Mir si preparéiert», seet den Yves Wengler an de Christophe Origer gi vläicht fir d’Aweiung an de Séi schwammen.  Do gëtt et dann en éischte Luef un de Schäfferot fir dës nei Attraktioun.

Gemengewalen 2023 - All d'Kandidaten am Iwwerbléck