De Logement, d'Mobilitéit an d'Sécherheet sinn d'Haapterausfuerderungen zu Esch
Am Face-à-Face goung et en Dënschdeg an de Süden op Esch.
Esch steet déi nächst Jore virun enormen Erausfuerderungen: d'Minettmetropol muss e grousse Wuesstem mat alle Konsequenze geréieren: Schoulinfrastruktren, d'Mobilitéit tëscht de Quartieren, den Trafic allgemeng an d'Beliewe vum Stadzentrum.
En Dënschdeg de Moien hu mir mat der Line Wies vun déi Lénk an der Liz Braz vun der LSAP iwwert d'Defie vun der Escher Gemengepolitik geschwat. Deemno waren also zwou Oppositiounspolitikerinnen am Studio.
Eist Objektiv ass kloer, en drëtte Sëtz bäizekréien, heescht et vun der Line Wies. Schliisslech wieren déi Lenk déi dreiwend Kraaft an der Escher Oppositioun gewiescht, an dofir wéilt een am Stadhaus méi staark ginn. Et géif een och net zécken, fir Responsabilitéit ze iwwerhuelen, mä et hätt ee kloer rout Linnen an et wier ee relativ wieleresch wat eventuell nächst Koalitiounen ugeet.

A Punkto Nohaltegkeet a Soziales ass d’LSAP fir d'Liz Braz déi richteg Partei, an et wier de Sozialisten no der Wal-Néierlag viru sechs Joer och gelongen, sech nei opzestellen.

E Renouveau misst zu Esch hir, do ware sech béid Lokal-Politikerinnen eens. Wann ee sech de Féierungs-Style vun der CSV géif ukucken, géif et awer wuel schwéier falen, mat deenen an eng Escher Koalitioun ze goen, gouf vu béide Säite betount.
Neie Wunnraum läit souwuel de Lénken, wéi och der LSAP um Häerz. Et kéint een net verstoen, dass do an der Lescht relativ wéineg geschitt wier. De Leerstand misst onbedéngt mobiliséiert ginn, fuerdert d'Line Wies.
D'Liz Braz huet d’Majoritéits-Pläng a Punkto Mobilitéit, déi viru Kuerzem virgestallt goufen, net guttgeheescht. D'Gare aus dem Stad-Zentrum erauszehuelen, géif der LSAP sauer opstoussen. De ganze Reseau misst méi effikass ginn.
Schlecht Kommunikatioun an eng ineffikass Koordinatioun wiere sécher e Problem, soen d'Oppositiounskandidatinnen.
Zu Esch wier an de leschte Joren eng Politik vun uewen erof gemaach ginn, déi d’Leit schlecht kéinten novollzéien.
Béid Politikerinnen hunn och de Sécherheetsplang vun der CSV-DP-Déi Gréng Majoritéit kritiséiert. Et hätt ee scho vill vun den 49 Mesuren, déi an dësem virgesi sinn, kéinten ëmsetzen, wéi zum Beispill déi besser Beliichtung an d'Properhalen. Wat d‘Kameraiwwerwaachung ugeet, seet d'LSAP, dass een dat Ganz besser kontrolléiere misst. Fir déi Lénk ass se carrement een No-Go.
E Mëttwoch den Owend gesitt der nom Journal op der Tëlee dann e Face-à-Face tëscht dem aktuellen Escher Buergermeeschter Georges Mischo, an dem LSAP-Spëtzekandidat Steve Faltz.
Gemengewalen 2023 - All d'Kandidaten am Iwwerbléck