Am Face-à-Face e Méindeg de Moie goung et ëm d'Stater Politik.

D’Erausfuerderungen an der Stad. Dorëms goung et e Méindeg de Moien an engem weidere Face-à-Face en vue vun de Gemengewalen. Am Studio souze sech den CSV-Spëtzekandidat an 1. Schäffe Serge Wilmes an de grénge Co-Spëtzekandidat an Gemengeconseiller François Benoy géintiwwer. Béid hunn Ambitiounen den nächste Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg ze ginn.

Et brauch frësche Wand hei an der Stad an déi Gréng wëlle Liewensqualitéit garantéieren. Eng Koalitioun mat der ADR ass iwwregens déi eenzeg, déi de François Benoy am Virfeld ausschléisst. Soss géing et einfach drëm goen ee gudde gemeinsame Projet mat engem Koalitiounspartner ze fannen, fir d'Stad zukunftsfäeg ze halen a vill Liewensqualitéit ze garantéieren. Déi Gréng wiere ganz couragéis a wéilten dat maache mat hirer Partei un der Spëtzt, mam Buergermeeschter, déi nächst 6 Joer.

Mir wëllen och dës Kéier, wéi 2017, gestäerkt aus dëse Walen erausgoen an dëse Sonndeg de Wal-Gewënner sinn, seet de Serge Wilmes. D’Stad soll déi beschte Plaz fir ze liewen ginn. Eng Stad vun de kuerze Weeër sollt et sinn, dofir wier den Invest an d’Quartieren ganz wichteg. Koalitiouns-technesch wéilt hien näischt ausschléissen. Bei der DP wieren 3 Leit déi géinge streiden fir Buergermeeschter wëllen ze ginn, bei der CSV wier et ganz kloer, sou de Serge Wilmes.

Eng Gemenge-Police fir d'Stad

Mer hunn e Problem vu Sécherheet an der Stad. Et wier net just e Gefill, net just en Narrativ. D'Zuele vun der Police géingen dat kloer beweisen, sou den 1. Schäffen Serge Wilmes. D’Gemeng misst d'Moyene kréien, fir deem entgéint ze wierken. Dofir wëll den CSV-Spëtzekandidat eng Gemengepolice aféieren, ënnert der Leedung vum Buergermeeschter.

Déi Gréng an de François Benoy sinn vun esou enger Iddi net iwwerzeegt. Fir d'éischt mol wier d'Gemengepolice ënnert enger CSV-Regierung ofgeschaaft ginn an iwwer Joerzéngten wier ënnert enger CSV de Rekrutement bei der Police verschlof ginn. Déi Beamte géingen elo feelen. Ënnert dem grénge Policeminister géing dat elo opgeholl ginn an an der Stad hätt een 35 Policebeamten déi lescht Joren bäikritt. Donieft wier et komplizéiert an et géing laang daueren, fir eng Gemengepolice ëmzesetzen. Et misst ee just kucken, wéi laang et gedauert hätt, fir den Agents municipaux méi Kompetenzen ze ginn.

Ënnert de Gréngen géif weiderhin d’Police gestäerkt ginn an och méi an de soziale Beräich investéiert ginn, notamment och verschidde Strukturen fir Drogenofhängeger ze de-zentraliséieren an der méi ze schafen, fir gëfteg Situatiounen, wéi op der Gare an zu Bouneweg, ze entspanen.

Mobilitéit an der Stad nei denken

Et brauch manner Verkéier, dofir awer méi Mobilitéit. Dat seet de grénge Co-Spëtzekandidat vun de Gréngen. Bis 2035 sollen et 40 Prozent méi Mouvementer an der Stad ginn an et hätt zwar Verbesserungen an de leschten Jore gi mam Tram a mam Vëlo, mee dat misst ee weider denken an ëmsetzen. Grouss Prioritéit vum François Benoy wier et, fir fir Verkéiersberouegung an de Quartieren ze suergen a sécher Vëlosweeër schafen. Zum Beispill andeems een d‘Vëlosweeër vun den Auto-Stroossen trennt an andeems ee Stroosse laanscht Schoulen oder d'Haaptplaze verkéiersberouegt, dass den Trafic net méi duerchfiert. Dofir géing ee méi Plaze schafe fir Terrassen, fir méi Begréngung a méi Begéinung.

Fir de Serge Wilmes ass et essentiel, dass nees méi Leit an der Stad wunnen, déi och do schaffen. Dat géing de Verkéier däitlech berouegen. Donieft plädéiert och den CSV-Spëtzekandidat fir méi lieweg an attraktiv Quartieren. Wann een a sengem Quartier kéint akafen goen, bei de Bäcker goen a säi Sport maachen, da misst ee sech manner deplacéieren.

Duebelmandater: Stater Märei an Chamber?

Souwuel de Serge Wilmes wéi och de François Benoy wäerte fir hir Parteie mat an d'Chamberwale goen, wa se gefrot ginn. Déi Gréng si fir eng Trennung vun de Mandater, allerdéngs géing ee mat de gläiche Spillreegelen spillen wéi déi aner Parteien och, sou de François Benoy. Spréch hie géing also souwuel an der Märei wéi och an der Chamber bleiwen.

Fir de Serge Wilmes ass et och kloer, dass et keng Trennung vun de Mandater gëtt, well näischt ënnert de leschten zwou Regierungen geschitt ass, obwuel se sech dat op de Fändel geschriwwen haten. Och hie géing béid Mandater unhuelen, sou den CSV-Spëtzekandidat.

Face-à-Face: Serge Wilmes (CSV) vs. François Benoy (Déi Gréng)

Gemengewalen 2023 - All d'Kandidaten am Iwwerbléck