Déifferdeng: Schwiereg Ausgangspositioun fir DP an déi gréng?
E Mëttwoch den Owend stounge sech op RTL Télé de Co-Spëtzekandidat vun déi gréng an de Spëtzekandidat vun der DP Déifferdeng géintiwwer.
"Mir hunn eise Koalitiounsprogramm gepackt" - De Paulo Aguiar, Co-Spëtzekandidat vun déi gréng Déifferdeng, gesäit seng Partei net geschwächt duerch d'Demissioun vum Roberto Traversini wéinst der Affär Gaardenhaischen an der Decisioun vun der aktueller Buergermeeschtesch Christiane Brassel-Rausch, net méi ze kandidéieren. Ëmmerhi gëllt et, 7 Sëtz ze verdeedegen. 4 dovunner haten déi gréng bei de Gemengewalen 2017 bäikritt. Op Käschte vun der DP.
Fir d'Déifferdenger DP war et 2017 e Wal-Debakel. D'Partei huet 5 vun de 7 Sëtz am Gemengerot verluer. Zu der Defaite bäigedroen huet sécher och dat parteiinternt Gestreits 2014 ëm d'Successioun vum Buergermeeschter Claude Meisch, dee jo deemools an d'Regierung gewiesselt ass. Säi Brudder, François Meisch war 2017 Spëtzekandidat vun der DP. Hien trëtt bei dëse Gemengewalen nees un. Déi Kéier als Co-Spëtzekandidat mat der Elisabeth Da Silva.
"Mir hu bäigeléiert. Mir hunn eng konstruktiv Oppositiounsaarbecht gemaach", seet de François Meisch a berifft sech op d'Opdecke vum Skandal ëm d'Affär Gaardenhaischen. D'Denonciatioun beim Parquet deemools hätt hien net gär gemaach, mee hien hätt seng Aarbecht misste maachen. Sécherheets-Situatioun verbessert, ma Sécherheetsgefill feelt
D'Sécherheetsproblemer zu Déifferdeng waren an de leschte Joren ëmmer nees e Sujet. Och an de Medien.
D'Situatioun hätt sech vill verbessert, seet de Paulo Aguiar. Mam neie Police-Kommissariat wiere 26 Polizisten am Zentrum vun Déifferdeng bäikomm, déi do géife patrulléieren. De lokale Sécherheetsplang géif gräifen. Nieft den Agents municipaux wiere Streetworker verstäerkt am Asaz. Och mat de Jugendhaiser géif gutt zesummegeschafft ginn.
"Et ass haaptsächlech d'Sécherheetsgefill vun de Leit, dat nach feelt", seet iwwerdeems de François Meisch. D'DP fuerdert, datt d'Iwwerwaachungskameraen endlech kommen. Se géifen am Koalitiounsaccord stoen, ma d'CSV an déi gréng hätte sech géigesäiteg blockéiert. Seng Partei wéilt d'Kameraen och, widdersprécht de grénge Co-Spëtzekandidat. D'Prozedure wären um Lafen. Déi misst een an engem Rechtsstaat respektéieren. Ma et wär een op der "dernière ligne droite".
D'Beliewe vum Stadkär gesäit de François Meisch als weidert wichtegt Element, fir d'Sécherheetsgefill ze verbesseren. Do wär nach munches ze maachen. Et géifen haut scho vill méi Aktivitéiten am Park, kontert de Paulo Aguiar.
Mobilitéit
Wa se an d'Verantwortung kënnt, wëll d'DP direkt bei den zoustännegen Instanzen intervenéieren, datt den Zuchiwwergang PN15 tëscht Déifferdeng an Uewerkuer endlech ofgeschaaft gëtt. Déi lescht Barrière zu Déifferdeng wier 4/5 vun der Zäit zou a géif alles blockéieren. Amplaz soll e klenge Contournement kommen, seet de François Meisch. Domadder géif och den Zentrum entlaascht ginn. Bei der Grondschoul sollt een iwwer e shared space nodenken.
"Mir musse Mobilitéit fir jidderee maachen", betount de Co-Spëtzekandidat vun déi gréng. Et wier een amgaangen, dorunner ze schaffen, och mam Ministère. Ma et wier net esou einfach. De Paulo Aguiar verweist drop hin, datt och villes ëmgesat gi wier: de Ruffbus "Dinola" fir eeler Leit a Persounen, déi sech net gutt deplacéiere kënnen. Zanter 2017 géif den DiffBus d'Leit tëscht den Uertschaften hin an hier féieren.
Fir d'DP mussen d'Linne vum Diffbus adaptéiert ginn. E géif deels déi selwecht Strecke fuere wéi den TICE oder den RGTR. Och beim Parkleitsystem, un deem zanter 6 Joer "gewurschtelt" géif, kéint seng Partei hëllefen, seet de François Meisch.
Datt méi Vëlosweeër gebraucht ginn, do si béid Parteie sech eens.
Logement
D'DP begréisst, datt d'Gemeng an abordabele Wunnraum investéiert hätt. Dat géif awer net duergoen. D'Gemeng géif iwwer 14 Hektar Terrain am Bauperimeter verfügen, dës missten erschloss ginn.
De Paulo Aguiar ass do anerer Meenung. Dat wär déi eenzeg gréng Fläch an der Stad. Et misst ee kucken, wat déi richteg Besoine wieren. Ob een déi Terrainen net éischter bräicht, fir eng Schoul oder Sportinfrastrukturen ze bauen. Déi gréng wëlle méi existente Wunnraum kafen. A mat Sensibiliséierungsaarbecht géint de Leerstand vu Wunnengen an net bebauten Terraine virgoen.
Dat géif awer net duergoen, fir dës Kris ze léisen, fënnt de François Meisch.
Oppe fir nei DP-déi gréng Koalitioun?
"Mir hunn an de leschten 20 Joer mat alle grousse Parteie gutt zesummegeschafft a sollte lo emol de Wieler schwätze loossen", seet de Co-Spëtzekandidat vun der DP.
"Eis Prioritéite fir d'Natur, fir d'Klima, fir abordabele Wunnraum a Mobilitéit si wichteg." Et misst een e Sonndeg ofwaarden an da kucken. Och de Paulo Aguiar léisst sech net all ze déif an d'Kaarte kucken.
Gemengewalen 2023 - All d'Kandidaten am Iwwerbléck