Beim éischte Face-à-Face am Kader vun de Chamberwale louch de Fokus op der Mobilitéit.

"Mir wëlle méi Mobilitéit amplaz méi Verkéier", soen déi Gréng. "Lëtzebuerg riskéiert am Verkéier z'erstécken", fënnt d'ADR .

Déi eng setzen op multimodal Transportweeër, déi aner wëllen den Auto net verdrängen.

Am Kader vun der RTL Themewoch iwwer Mobilitéit, Klima a Landesplanung diskutéieren de François Bausch vun déi Gréng an de Fred Keup vun der ADR  iwwer Stau, Elektroautoen, Tanktourismus,  Wuesstem , d'Offer vum ëffentlechen Transport an d'Ubannung vum ländleche Raum un d'Verkéiersnetz.

D'Meenung tëscht deene Gréngen an der Alternativ Demokratescher Reformpartei geet hei op ville Punkten auserneen.

All d'Episode vum Face-à-Face am Kader vun den Nationalwale fannt Dir um RTL Play.


Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht