D’CSV: manner Steiere fir jiddereen, déi Gréng: méi geziilt entlaaschten
De fréiere Justizminister an d'Justizministesch stounge sech en Dënschdeg de Moien op RTL an engem Face-à-Face géigeniwwer.
Fléissen d’Suen vun Uewen erof wann een d’Steieren erofsetzt? Oder stëmmt dat net? Am Face-à-Face en Dënschdeg de Moien op RTL huet den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden fir Steiererliichterunge fir jiddereen ausgeschwat, iwwerdeems déi gréng Spëtzekandidatin Sam Tanson fir geziilten Entlaaschtunge bis dräi Mol de Mindestloun plädéiert huet. Béid Politiker ware sech weder an der Analys vun der Situatioun Eens, nach iwwert dat, wat misst gemaach ginn.
Wann d’Leit "méi hunn", da kënne se "besser consomméieren" a se dreiwen domadder d’Aktivitéit an d’Luucht, sou de Luc Frieden. Besonnesch an der aktueller Logementskris misst a sengen Aen den Invest nees méi steierlech ënnerstëtzt ginn. D’Sam Tanson huet eng ekonomesch Theorie denoncéiert, déi an der Vergaangenheet net funktionéiert hätt. Dowéinst wëllen déi Gréng weider "punktuell" privat Projeten opkafen, mee och d’Leit entlaaschten. Mee am Géigesaz zur CSV, just bis 7.000 Euro Brutto Gehalt.
Mat der Propos vun déi Gréng fir Verméigen (mat Fräibetrag vun 1 Millioun Euro) ze besteieren, war de Luc Frieden dann awer guer net averstanen, well Lëtzebuerg misst weider "attraktiv" bleiwen. Den CSV-Spëtzekandidat sot a Frankräich gouf dat versicht a dowéinst hätte ganz vill Leit Frankräich de Réck gedréint. Déi gréng Spëtzekandidatin huet awer op d’Schéier tëscht Aarm a Räich higewisen, déi géing weider wuessen.
D’Sam Tanson huet iwwerdeems d’Ausso vum Luc Frieden widdersprach, datt d’Kafkraaft vun de Leit erofgaange wier. Si huet op de Statec higewisen, deen ausgerechent huet, datt d’Kafkraaft duerch d’Mesurë vun den Tripartitte gestäerkt gi wier. De Luc Frieden sot awer d’TVA, mee och d’Steieren op de Loun an op d’Zënserträg wieren déi lescht Joren eropgaangen. Eng Verméigenssteier wier och e bëssen ewéi eng Ierfschaftssteier, well dat Sue wieren, déi meeschtens schonn eng Kéier besteiert gi wieren.
Thema Sécherheet
E bëssen averstane ware béid Politiker beim Thema Sécherheet. D’Sam Tanson, déi aktuell Justizministesch ass, sot et misst virun allem op Preventioun gesat ginn an d’sozial Infrastrukture missten dezentraliséiert ginn. Si huet dann och Mesurë vun hirem Parteikolleeg, dem Policeminister Henri Kox, erwäänt, ewéi d’Erweiderung vun den Iwwerwaachungskameraen oder nach d’Rekrutéierungscampagnë vu Polizisten.
De fréiere Justiz- a Policeminister Luc Frieden sot, hie wier mat deene Mesuren d’Accord, mee hien huet bedauert, datt déi Gréng zanter 10 Joer an der Regierung sinn an also 10 Joer gehat hätten, fir dat alles ze maachen. An där Zäit hätt d’Kriminalitéit awer nëmmen zougeholl. D’Sam Tanson huet geäntwert, et wieren déi lescht Jore méi Poliziste bäikomm, ewéi virdrun an: "Äre Chef deemools, de Jean-Claude Juncker, huet virausgesinn, ewéi d’Land géing wuessen, esou datt et och eigentlech hätt kéinten an deene Jore virdrun déi Rekrutéierungsoffensiv bei der Police gemaach ginn."
All d'Episode vum Face-à-Face am Kader vun den Nationalwale fannt Dir um RTL Play.
Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht