Gesondheet: DP an LSAP si sech beim Zil eens
E Mëttwoch den Owend stounge sech de Spezialist fir Infektiounskrankheete Gérard Schockmel an den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit géigeniwwer.
Am Studio zwee Invitéen, zwee Dokteren, déi wärend der Covid-Pandemie vill present waren an decidéiert hunn, mat an d’Walen ze goen. Fir d’LSAP den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit a fir d’DP de Spezialist fir Infektiounskrankheete Gérard Schockmel. Allen zwee kënne sech virstellen, den nächste Gesondheetsminister ze ginn. Allen zwee wëlle se de Gesondheetssystem verbesseren, déi medezinesch Versuergung méi no bei d'Leit bréngen an de Medezin-Standuert Lëtzebuerg méi attraktiv maachen, fir zu Lëtzebuerg ze schaffen, respektiv fir hei ze studéieren. An de Grondiddie si se sech eens, d'Zil ass dat selwecht, just de Wee dohinner ass deels verschidden, zwou verschidden Approchen.
"Et ass wéi Dag an Nuecht", seet de Gérard Schockmel iwwert den Ënnerscheed vun enger liberaler Gesondheetspolitik an enger sozialistescher Approche. Als Beispill ginn d’Spidol-Antenne genannt, wou Strukture mat ënnert anerem engem IRM mussen un e Spidol ugebonne sinn. Doktere géifen hei an hirer Fräiheet, hire Beruff auszeüben, beschnidden.
D’LSAP wär net géint eng liberal Medezin, géif déi och ënnerstëtzen. Mee de Kader misst gesat ginn. "Spidol a privat Initiative mussen zesummeschaffen", sou den Jean-Claude Schmit.
Suergen, datt eng liberal Gesondheetspolitik eng zwee Klassegesellschaft schaaft, bräicht kee sech ze maachen, sou den DP-Politiker. Jiddweree géif déi selwecht Leeschtung kréien. D'LSAP huet d’Suerg, datt et hei zu enger Kommerzialiséierung vun der Medezin kéint kommen, wann zum Beispill och auslännesch Investisseuren hannen dru sinn, déi op de Lëtzebuerger Marché wëlle kommen. An et wär d'Angscht, datt dann den Dokter ofhängeg wär vun esou engem Financier.
Personal-Mangel, nei Urgence-Strukturen, Militär-Spidol, Digitaliséierung, Paiement immédiat direct, si weider Themen, déi an dësem Face-à-Face diskutéiert ginn.
All d'Episode vum Face-à-Face am Kader vun den Nationalwale fannt Dir um RTL Play.
Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht