Eng Datz fir d'Bildungspolitik vum Claude Meisch
Am Kader vun der RTL-Themewoch Educatioun stounge sech d'Line Wies vun déi Lénk an d'Laura Vieira Neves vun der neier Partei Liberté-Fräiheet géigeniwwer.
"De Minister ass amgaang eise Bildungssystem ze sprengen", soen déi Lénk.
"Et gëtt net nom Wuelbefanne vun de Kanner gekuckt", heescht et vu Liberté-Fräiheet.
Diskutéiert gouf ënnert anerem iwwert d'Schoulen hei am Land, Bildung, Kannerbetreiung an de Manktem un Enseignanten.
Déi Lénk sinn zum Beispill géint den Ausbau vun den ëffentlechen internationale Schoulen a plädéiere fir eng Schoul fir jiddereen, also en "tronc commun". Liberté-Fräiheet iwwerdeems kritiséiert, datt mat gratis Crèchen a Maisons Relaisen, Elteren encouragéiert ginn, hir Kanner ofzeginn. Jidderee misst de fräie Choix hunn a säi Kand och kënnen doheem versuergen.
Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht