Am Face-à-Face goung et ënner anerem ëm d'Zukunft vun der Wirtschafts- a Steierpolitik zu Lëtzebuerg.

De Luc Frieden, nationalen CSV-Spëtzekandidat an de Franz Fayot, LSAP-Spëtzekandidat am Zentrum, stounge sech de Freideg de Moien, 9 Deeg virun de Chamberwalen, an engem Face-à-Face hei op RTL géintiwwer. Zwee direkt Konkurrenten am Bezierk Zentrum also, déi politesch besonnesch wäit ausernee leien. De Luc Frieden huet perséinlech Attacke wärend engem Walkampf als "desagreabele Stil" bezeechent. Gemengt war en Artikel vum Franz Fayot am Joer 2013, an deem hien dem Luc Frieden eng Rei Feeler a senger Zäit als Finanz- a Justizminister virgeworf huet. Dem Franz Fayot säi Parteikolleeg a Kandidat Max Leners huet an engem Bichelche virun zwou Wochen deels déi selwecht Virwërf nees opgegraff.

Hien hätt dat Bichelche selwer net gelies, sou de Luc Frieden: "keng Zäit a keng Loscht". De Franz Fayot sot, hien hätt et net matgeschriwwen. Hien hätt och kee perséinleche Problem mam Luc Frieden, sou den LSAP-Wirtschaftsminister, awer ee grousse mat senger Politik als Finanzminister vun 2009 bis 2013. Eng Rei Steiermesurë vun deemools misst een dem LSAP-Politiker no als Austeritéitspolitik charakteriséieren. Och als Justizminister hätt de Luc Frieden Decisioune getraff, déi net immens waren.

Den CSV-Spëtzekandidat steet zu senger Politik vun deemools. Hien an d’CSV stinn awer kloer fir gesond Staatsfinanzen an dowéinst wieren d’Hausse vun der Solidaritéitssteier an d’Krisesteier néideg gewiescht, sou de Luc Frieden. Hie wéilt op haut an an d’Zukunft kucken an elo missten d’Menagen an d’Betriber awer a sengen Aen entlaascht ginn. De Franz Fayot war awer net d’'accord mat der Aschätzung vum Luc Frieden, datt eng Baisse vun de Steieren e positiven Impakt op d’Ekonomie hätt. De Luc Frieden ass bei senger Analys bliwwen, datt wann een engem Sue gëtt, deen se och dann ausgëtt an d’Betriber dovunner profitéiere géingen.

Den CSV-Spëtzekandidat ass och dobäi bliwwen, datt een den Investment an de Logement misst nees steierlech méi ënnerstëtzen an den LSAP-Kandidat sot nach emol, datt d’Regierung déi Mesuren erofgefuer huet, well se weder dozou gefouert hätten, datt méi gebaut gëtt a well déi Mesuren d’Demande gestäerkt huet an dowéinst d’Präisser nëmme geklomme sinn. Béid Politiker ware sech dann och net Eens an der Fro, ob d’Land déi lescht Jore méi kompetitiv ginn ass oder net.

Op d’Fro um Schluss vun der Emissioun, ob béid Politiker sech trotz allen Divergenze kéinte virstellen, zesummen an enger Regierung ze sinn huet de Franz Fayot mat "Jo" geäntwert. De Luc Frieden huet sech méi bedeckt gehalen a sot, de Wieler géing dat entscheeden.

Face-à-Face Fayot vs. Frieden


Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht