En vue vun den Europawalen den 9. Juni hu mir en Donneschdeg den Owend ee Face-à-Face tëscht 2 Spëtzekandidaten.

Den aktuelle Vizepresident vum Parlament an de fréieren Europadeputéierte si sech zwar eens, dass dës Walen extrem wichteg sinn, dass d'EU a Gefor ass, vu bannen a vu baussen, mee op enger ganzer Partie Themen, sief dat Migratioun, Steieren oder Klima zum Beispill, do si si anerer Meenung, och wat de Prinzip vun der Eestëmmegkeet an der Unioun ugeet.

Wat sinn déi ënnerschiddlech Visioune vun LSAP an CSV fir Europa?

Souwuel de chrëschtsozialen Deputéierte wéi de sozialistesche Vizepresident vum Europaparlament si sech eens, dass dëst eng "Schicksalswal" ass, dass Europa souwuel vu banne wéi och vu baussen enorm ënner Drock ass.

Op kee Fall däerf de Putin um Dag no de Walen eng Fläsch Schampes opmaachen, well mir ons selwer geschwächt hunn,  esou de Marc Angel, op kee Fall dierften déi rietsextrem Parteien ze vill Pouvoir kréien a mat hinnen zesumme schaffe wier een "No-go". Am Prinzip wéilt een dat och net, esou de Christophe Hansen, mee punktuell kéint et awer néideg a méiglech sinn.

Wat d'Ukrain betrëfft, sot hien, wier d'Situatioun ganz eescht, mee sollt en de Leit net onnëtzt Angscht maachen. D'Aufgab vun der Unioun wier et, seng Bierger ze schützen, dofir bräicht et méi eng enk Zesummenaarbecht an der Defense a gemeinsam Waffesystemer. Dass d'EU aussepolitesch méi mat enger Stëmm muss schwätzen, do si sech béid Politiker eens, mee do wou de Marc Angel d'Eestëmmegkeet op alle Punkten ofschafe wëll, ass de Christophe Hansen kategoresch dogéint, op e méiglecht Vetorecht a Finanzfroen ze verzichten. Grad esou refuséiert den CSV-Politiker eng EU-Finanztransaktiounssteier oder eng Räiche-Steier, wéi d’Sozialiste se proposéieren an och d'Thema Aarbechtszäitverkierzung bei vollem Lounausgläich weist déi selwecht kloer Divergenzen, wéi et se schonn an der nationaler Politik gëtt.

Asyl a Migratioun, e weidert kontroverst Thema, kee vu béiden ass richteg zefridde mam neien EU-Asyl- a Migratiounspak, wann och aus ënnerschiddleche Grënn, mee e wier besser wéi keng gemeinsam Reegelen ze hunn.

Grouss Ënnerscheeder gëtt et natierlech och beim Thema Klima. D'CSV wëll eng "onverkrampfte Klimapolitik, wou ee kuckt, wat technesch méiglech ass, d'Partei wëll net nach sollt eng Schëpp bäileeën a sécher goen, dass een och d'Bierger mathëlt, fir d'Sozialisten ass et eng existenziell Fro, wou Technologie eleng net d'Léisung ass, an op kee Fall dierft de "Green Deal" verwässert ginn.

Extraiten

Marc Angel

"Och d'Unanimitéit musse mir ofschafen an alle Felder, well soss komme mir net méi virun, mir blockéieren ons selwer."

Christophe Hansen

"Do sinn ech elo net ganz d'accord mam Här Angel a mir mussen un der Unanimitéit schaffen, jo, an aussepolitesche Froen, wéi wann et zum Beispill ëm en Hëllefs- oder Verteidegungspak oder e Sanktiounspak géint Russland geet. Ech mengen awer an deenen anere Saachen, wéi zum Beispill an de fiskale Saachen, wou mer d'Unanimitéit mengen ech als Lëtzebuerg musse bäibehalen."

Marc Angel

"Mir sinn zu 27. Do huet jiddwereen aner Interessen. Wann elo jiddweree seet, fir mäi speziellt Dénge wëll ech de Veto hunn. Et sinn der, déi zum Beispill ganz dogéint sinn, dass mer an der Aussepolitik e Veto hunn. Där Länner ginn et och. Dofir soen ech: Wa mer wëlle virukommen, wa mer erëm wëlle grouss Schrëtt an Europa maachen, da musse mer et an all Froen hunn."

Marc Angel

"Dat ass am Fong erschreckend, dass d'CSV hir Partei d'EVP iwwerhaapt a Betruecht zitt, mat esou Parteie wéi déi postfaschistesch Partei vun der Madamm Meloni oder dem Här Orban oder anere Parteien, mat deenen eng Koalitioun anzegoen. Dat ass een No go. Dat do ass eppes, wat mer mussen de Leit dobausse soen, dass et eng Gefor gëtt, well et si grad déi rietsextrem Parteien, déi ausernee wëllen dividéieren, déi eis Schwäche wëllen an déi kee staarkt Europa wëllen."

Christophe Hansen

"Ech ginn Iech elo e ganz konkreet Beispill, well den Här Engel dat jo konkreet ugeschriwwen huet. Mir haten eng Propositioun, fir d'Pestiziden ze reduzéieren an der Europäescher Unioun. Do gouf et Divergenzen iwwert, dat ass een Deel vum Green Deal, iwwert de Prozentsaz, wat muss reduzéiert ginn an ab wéini? Do huet den Här Engel mat deene vum Giorgia Meloni gestëmmt a verschiddene Grënn hu se dogéint gestëmmt, jo, mee dat huet awer derzou bäigedroen, datt en fin de compte den Text näischt ginn ass an datt mer do an deem Beräich elo keng Reduktioune bei de Pestiziden hunn. Och dat ass eng Kooperatioun, kann ee sou gesinn.