Referendum
Bei der Fro vum Auslännerwahlrecht steet si fir d'Plattform Minté a fir de JO, hie vertrëtt d'URL Nee2015.lu a steet, wéi den Numm et seet, fir den NEE.
Si sti fir déi gespléckte Meenung vun de Leit hei am Land: engersäits d'Plattform Minté, déi sech fir e klore JO a Saache Wahlrecht fir Net-Lëtzebuerger asetzt, an dann den NEE2015.lu, deem seng Vertrieder méi wéi een Argument géint d'Auslännerwahlrecht hunn - zwou Positiounen, déi méi verschidde guer net kënne sinn.
Fir si hu sech an eisem Face-à-face en Dënschdeg de Mëtteg nom Journal vu Radio Lëtzeberg d'Laura Zuccoli an de Fred Keup begéint. Et gouf eng animéiert Diskussioun.
De Face-à-face live op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emisisoun dono och nach eemol nolauschteren/nokucke kann.